Startsait
Programm
Sponsoren
Iwer mech
Meng Frenn
Meng CD
Flott Links
Liddertexter
100 Joer Feier
Letzebuerg
Dynastie
Krozelbuch
Fotoalbum
Spass an Fun
Kee Promill !!!
Disclaimer

Hei kennt Dir meng Frenn kenneléieren. Et huet een vill Kollegen a Bekannter, awer net vill richteg Frënn!

Ab und zu kanns de hei och emol Fans kenneléieren déi et richteg verdingen hei ze stoen!

Eenoldie ass bekannt bei jonk an aal, an hei ass main eelsten Fan, bai beschter Gesondheet an top fit. Marcelle, ech hoffen ech kann nach laang fir dech sangen an der Freed maachen!!

  Main eelsten Fan!

 

 

De Fausti
 
De Fausti ass een Mann dem een ganz groussen Respekt zousteet.
Et ass een wonnerbaren Mensch deen souvill Qualitéiten huet, Stemmungskanoun Nummer 1 hei am Land an daat och nach haut, wou sou muncher Jonken sech eng Schuel kennt ofschneiden. Hien ass deen perfekten Musiker deen eng Goof Gottes huet dat hien bal mat all instrument eppes ufänken kann ,an hien kann sou vill Sproochen  perfekt schwetzen waat him bei senger Musek zegutt komm ass. Niewenbei huet hien seng Talenter als Texter och emmer kennen enner Beweis stellen. Ech sin houfrech mech zu sengen Frenn zielen ze kennen an well him mol heimadder villmols merci soen vir daat Kulturierwen waat hien dem Letzebuerger Land geschenkt huet,an dass de Fausti eis nach lang Joeren amuséieren kann.
 
Den Juchem Claude
 
Majo de Claude ass och een super Frend mat deem ech schon vill schéin Stonnen
verbruecht hun.Hien ass een aalen Hues waat Danzmusek ugeet an war een vun dem Orchester Oldie an der gudder aaler Zeit.Duerch den Claude waat de Bumski 2 ass sin ech op de Gout vun der Danzmusek komm, an wann een eppes brauch ass hien direkt do an freet ni virwat a wisou.Ech fréen mech emmer mat him Musek ze machen waat normalerweis July bis August den Fall ass. Haut ass de Claude beim Sound Sxpress an bei den RTL Deckkäpp wou hien schons vill Leit un d´ Laachen krut huet an wann him Zeit bleiwt spillt hien och nach Théater. Et ass ganz einfach een Bühne-Mensch dem säin Liewen doraus besteet d´Leit ze ennerhaalen.
Claude mach esou weider !
 
 Den Rolles Patrick

Jo de Patrick ass een vun de beschten Frenn deen ech hun . Mir hun eis op der Arbescht kennen geléiert an stin zesummen dem FC Etzella ganz no. Wann mir mol beim Pättchen sin vergiessen mir ganz gär heem zegoen well mir sin jo sou gären dobäi. Hien huet mir och ganz vill bis well gehollef an kann een och emmer op hien ziehlen. Ech sin och immens frouh driwer daat den Petz de Pätter vu mengem Bouf ass an déi  Pficht hellt hin ganz eescht. Kumpel du bleiws jo net wéis du bass well am juni 2006 schleeft Tanja dech jo virun den Altor an dann hällt daat Gelomps mat dir jo op.  Ech fréen mech op deen Daag  a wenschen Iech zwee all Guddes.

 

Den Theis Jhemp

Hei de Jempy daat ass een feinen  Jong deen och bei mir schaaft an get bei eis den Trucker –Jemp genannt. Hien ass - muss ech soen, een ganz gudden Chaufeur mat enger besonnecher Prezisioun.Wann seng Politesch Astellung sou wéi säin Hoorschnett net mengem Gout entsprecht sin mir awer ganz gudd Kollegen.Et ass opjidderfall een deen mat all Mensch eenz get an och gär sech mat de Kollegen ophällt an hien probéiert och emmer fein ze sin och wann hien gär een bessen well zéien mee daat ass säin Naturell. Bleiw wéis du bass mäin Frend.

 

Den Tom Mertel

Jo den oldman wéi hien bekannt ass bei sengen gudden Frenn kennen ech nach net sou lang,

mee et ass eng Bomm.Mir schaffen zesummen an hun och een gemeinsamen Hobby an daat ass de Pc. Hien ass och op vir alles an kritt een och vill ze lachen mat him an ech muss soen daat hien imens hellefsbereet ass an daat bei all Mensch. Ech sin op alle Fall frou hien a mengem Frendeskrees ze hun, bleiw wéis du bass Mr Oldmann

Wellt dir méi iwert hien gewuer gin da gitt op www.baseballfan.party.lu kucken

 

 

 

Den Gilles Bernard

Also de Gilles hun ech säit kurzem kennengeléiert wéi d´ Kaar (mäin pc )defekt war. Sin iwert Samupc un hien komm deen direkt Monni Dokter gespillt huet an den Pc ass direkt rem wéi eng Eins gang (huet fonktionéiert, den Computer ass net fortgelaaf!). Ech kennen hien nach net sou lang mee et ass een super feinen an kompetenten Kärel, an hun iwert d’ Infektioun vu mengem pc een neien Frend dobäi krut.

Ajo an fir déi di et net wessen de Gilles ass och de webmaster vu menger säit an ech well him mol een groussen Luew ausschwätzen fir déi wonnerbar Arbescht hei an een decken merci soen.

Kukt iech deen einfach mol richteg un, einfach super gudd an kompetent ,an deen wollt ech iech net virenthaalen. Also, zeckt net:  computer freckt - den samupc helleft direkt! www.samupc.lu

 

.

 

Den Pott Fern * dest Bild as enner copyright  :-)

Hei hu mir nach een vun den Arbechtsfrënn.wann hien och méi roud ass wéi sai Blud an emmer stepplech kann een awer soen dat hien deck ...an der rei ass. Och op hien kann een zielen och wann hien nemmen bis zirka 1500 Millimeter gewuess as.

 

 

 

Den Schammel Heng

Den Heng deen een och als Här Henrie kennt ass een richtegen Veiner Jong wou hien bei all Katz déi geschleeft get dobäi ass. Och hien mecht Danzmusek a sengt wéi de Robbie Williams waat een onbedingt muss héieren. Et ass och keen Käerel deen  deck Téin spaitzt mee emmer eng Hand upaakt, an een deen net eenz get mat him …,ma där get et keen… mach och du sou weider .

0

  Sylvie Schinhofen - Simon

O hei hu mir och een gudd Kand, dass een bekannt Gesiicht wat och villen Leit schons flott musekalech Stonne bruecht huet. Dass eng ganz gudd Sängerin an een Bühnenmensch deen et versteet op d´Leit duerzegoen. d' Sylvie huet lang bei der Formatioun Wallstreet gesong an sait Februar 2003 beraichert hat den Sound Express mat senger Stëmm. Op hat kann een och emmer zielen wann een hat brauch sou ass et och komm. Dass d' Sylv mir fir Produktioun vun der CD Béierfiesta spontan gehollef huet mat sengem Gesengs wéi och mat sengen Ideen an senger  musekalecher Erfahrung déi hat huet soen dir op desem Eee nach eng kéier Merci a maach sou weider!

Nickels Dominique

An hei ass den Nickels Domenique genannt den Döm. Mir kennen eis schons eng laang Zait an hun zesummen an enger Fabrik geschaaft. Den Zoufall wollt et dass mir haut rem zesummen schaffen an engem interkomunalem Betrieb. Hien ass och emmer gaer mat dobäi wann et heescht een schluppen goen, an dobäi huet hien och seng Schwieregkeeten fir den Heemwee unzetrieden :-))
Dass hien een Holzkapp huet wees och bal jiideren et ass eben een Éisleker Stéier, awer hien huet och seng gudd Saiten... bleiw du sou wéis du bass. Wat mir nach brauchen fir eisen Döm daat wir eng Freeschen well d´Gefoor ass do dat hien als aalen Jonggesell dëse Planéit eemol verléisst ... also Meedecher net zecken a kommt den Döm roueg drecken

Franzetti Liane

Ma d´Liane hun ech kiertzlech kennen geléiert op engem Optreet wou hatt mat senger wonnerbaarer Stemm e bessen mat mir gesong haat bis Klordag mueres. No dessem formidablem Optreet féieren mir een gudden kontakt mateneen, an ech freen mech lo schons op deen Daag wou mir rem eng Kéier zesummen waerten sangen. Ah jo eppes veroden ech nach Liane ass daat Meedchen mat der Engels-stemm, waat awer leider an och verständlecherweis sengem hobby mam sangen net kann nokommen. Et huet zwee wonnerbar Bouwen déi hier Mamm nach brauchen well déi Borschten nach e bessi kleng sin. Mach du och sou weider mäin Engelchen, ;-) da wäerts du gesinn dass du enges Daags och däin Hobby verwierklechen kanns.

Stephan Weiler

De Weiler Stephan gouf an der Zäit de Jong mat der Wonnerourgel genannt an mir kennen eis ganz lang  an sin dobäi nach waitleefeg Famil. Säi Papp war sein   Léiermeeschter op der Uergel an wollt mir daat och beibrengen  awer mäin ideal  war an as sangen. Den Steph, deen als "the solitäir one man show" optrett as een  Virtuos o senger Uergel an spillt mir och alt mol Playbacks an,  wou ech him op deser Plaaz mol Merci soen. Bouf bleiw  wéis du bas a fuer no dengem moto  weider: „fuer lues“

 

 

 

©2006 eenoldie.lu -