Startsait
Programm
Sponsoren
Iwer mech
Meng Frenn
Meng CD
Flott Links
Liddertexter
100 Joer Feier
Letzebuerg
Dynastie
Krozelbuch
Fotoalbum
Spass an Fun
Kee Promill !!!
Disclaimer

 Leschten Update:
Mëttwoch
28.01.2008
  Nächsten Event:

07.02.2009  Kenn´sdebal beim Kueb zu Steebrecken org Damenkeeleclub

 

  Animatioun mat EENOLDIE .LU

Hei eng flott Zechnung iwert mäin Heemechtsuert, wou een ganz Ettelbreck op een Bleck kann gesin

KONTAKT:
Mohnen Claude  -  13, Lëtzebuergerstrooss - L-9125 Schieren
Gsm: 621 155 112 - info(at)eenoldie.lu - skype: bumski5511

Hei gidd Dir eppes vu mir gewuer a gesitt mech an Aktioun !

 

 

 Meng musikalesch Laafbunn

Vu klengem aus un huet d' Sangen mir vill Spaass gemach an et kunt een et och deelweis erdroen. Mat engem Schnéibiesem am Grapp (waat main Mikro déi Zeit waar)  stung ech dann virun der Tele mat ze sangen. Als Bouf sin ech dun an den Kannerchouer vun der Lyra gang, wou ech awer nemmen kuerz Zeit war.

1987 sin ech dun an den Männerchouer Lyra Ettelbreck komm, wou ech gläichzeiteg an den Bänkelsänger gesong hun. Bei der Lyra ass weltlech gesongen gin , géigeniwer  den Bänkelsänger, daat  eng Ennergrupp vum Männerchouer Lyra Ettelbreck ass, wou et drems gung  Letzebuerger Folklor an Moritaten, sou wéi aal bekannten traditionell Weisen virzedron.

1997 hun ech dun an enger Formatioun vun drei Leit, dem Museltrio gesongen,  déi Danzmusek gemach hun.

Mett 1998 hun mir dunn zu zwee probéiert, den Orchester Oldie op d´Been ze setzen, waat awer net sou richteg gelongen war.

2001 sin ech dun schlussendlech  alleng als Animatioun Een Oldie Danzmusek machen gang waat ech bis haut nach immenz gär machen, an wou ech och schons vill schéin Stonnen hat. Ech spillen duerch daat ganzt Land, mee gin awer och des öfteren  iwwert d´Grenz eraus, waat vir mech keen Probleem ass.

2004 war ech dun bei der  Croisiere vun der Belle Etoile mat dobei, waat een wonnerbart Erliewnis war, bei deem enner anerem de Fausti, den Erni Delosch mam Marion Welter ,Happy Luxembourg an awer och déi 3 Zwidern dobäi waren.

2005 hun ech dun eng CD vun mir als Animatioun Een Oldie eraus gin ,an zwar <Béier-fiesta>. Vun do un sin ech haaptsächlech an der Fuesend och bei den Deckkäpp dobäi fir d´musekalech Stemmung. Mee  ech loosen déi  Leit d´Witzer erzielen, déi daat kennen .

Majo an wann d´Gesondheet matspillt well ech sou lang wéi méiglech mengem Hobby nogoen, an daat  mat flotter Danzmusek bei der  ech ganz vill Wert op Letzebuerger Lidder leen sou daat eis Sprooch nach bessi méi lang erhaalen bleiwt.

Säit 1998 sin ech zoustänneg fir d' Sonorisatioun um Stadion am Deich.

Den Gretnich John haat an ausgangs den 60 er Joeren en wonnerbaren Text op den Fc Etzella geschriwen, deen ech am Joer 2000 mat Hëllef vum Sound-Express vertount hun.

Domat gung et mir awer net duer an hun dem Anton op d´Etzella geschriwen deen gouf dun direkt mat produkzéiert.A well daat den spiller an den sympatisanten vun der Etzella gudd gefall haat hun ech mech 2003 decidéiert nach een text ze schreiwen an 2004 koummen nach zwee texter no.

Déi Musek  déi kann een haut och nach bei eis am Deich heiern .Ech waar awer imenz frou wéi ech vun 2002 eng grouss Ennerstetzung krut hun vum Oldstar Gretnich John an dem Piatzalunga Ady fir d' Sonorisatioun respektiv den Mikro ze machen.

Déi zwee hun sech  freiwelleg dofir hier gin .Sou kunnt ech bessi d´Handbrems zéien well meng musikalesch Owender daueren heiansdo méi lang wéi virgesinn.

 
 

©2006 eenoldie.lu -