ETZELLAS-LIDD

( Textautor
: GRETTNICH John 70er Joeren )
( Melodie
Siegfriedschlass )
Zu
Ettelbréck e Verein mir hun,
F.C.
Etzella ass sein Numm
Séng
Spiller si vu guddem Holz
An hire
Numm dron sie mat Stolz
Etzella Spiller sin zolitt, si sin zollit,
Wan et gëlt stin si a
Reih a Glidd, a Reih a Glidd
Refrain
Wa mir
wéiss blô um Terrain stin,
Kann all
schéint Médchen ons gesinn
Wa mir
wéiss blô um Terrain stinn
Kann all
schéint Médchen ons gesinn.
Munch schwéire Match hu mir gewonn
Dât könne
mir ons ro’heg so’en
A wor de
Gegner nach so hart
Mir hun
dach niemols hien gefârt
Etzella Spiller sin zolitt, si sin zollit,
Wan et gëlt stin si a Reih a Glidd, a Reih a Glidd
Refrain
A krute mir
och mol eng Schlapp
Hu mir nach
nie verluer de Kapp
De néchste
Sonndeg sti mir fest
Etzella
Spiller mân hirt bescht.
Etzella Spiller sin zolitt, si sin zollit,
Wan et gëlt stin si a Reih a Glidd, a Reih a Glidd
Refrain
A sin ons Spiller âl a grô
Dann ass ons Jugend schon rem do
Well jidder Ettelbréker Jong
Ass én Etzella Spiller am Fong
Etzella Spiller sin zolitt, si sin zollit,
Wan et gëlt stin si a Reih a Glidd, a Reih a Glidd
Refrain 2 x